Agenda
Programm für 2012
Generalversammlung
Méindes, de 6. Februar 2012 20.00 Uhr
am Centre Prince Henri zu Walfer
ORDRE DU JOUR:
- Begréissung duerch de President Roby Fourné
- Rapport vun der Sekretärin Charlotte Molitor
- Rapport vun der Weekommissioun duerch de Roby Fourné
- Rapport vum Trésorier Camille Mentz
- Rapport vun de Keeskontrolleren Nico Brimeyer a Gérard Vilm
- Décharge vum Trésorier a vum Comité
- Bestëmmung vun neie Keeskontrolleren
- Festleeë vun der Cotisatioun fir 2012
- Virstellung vum Programm fir 2012
- Ophuele vun neie Memberen an de Comité
- Verschiddenes
- Klenge Film vun eisem Wantertour 2011 duerch de Camille Mentz a Fotomontage vum Pèlerinage vun Toul op Essoyes duerch de Francis Kirsch
- Pot de l'amité: Nom offiziellen Deel offréiert de Comité e Patt
APPELL:
De Comité mécht en Appell fir nei Memberen ze rekrutéiren
AVIS AUX AMATEURS!
Porte Ouverte
Méindes, de 5. März 2012 20 Auer 00
am Centre Prince Henri Walfer mit folgendem Programm:
1. Illustréiert Konferenz vum Frënd Alain Atten: "El camino Aragonés"
2. Informatiounsaustausch tëschent fréieren an zukünftigen Pilger
Schlussoktav-Mass
Sonndes, den 13. Mee 2012
(Détailer bei der Generalversammlung)
Sprangprėssessioun
Pilgeren op Iechternach an d'Sprangprëssessioun
D'Frënn vum Camino de Santiago de Compostela pilgeren op Iechternach an d'Sprangprëssessioun
Eise Pilgerwee begräift 2 Deeg
Päischtméindeg, 28. Mee 2012
Päischtdënschdeg, 29. Mee 2012 huelen mer zu Iechternach un der Sprangprëssessioun Deel.
( Genee Détailer gin nach matgedeelt )
Jakobusfeier 2012
Den 29. Juli feieren d'Frënn vum Camino de Santiago de Compostela den Hellege Jakobus zu Greiweldeng.
( Genee Détailer gin nach matgedeelt )